Benutzer:Aldin007

aus Wikipedia, der freien Enzyklopädie
Zur Navigation springen Zur Suche springen

[1][2][3][4][5][6]Captain Tsubasa

Captain Tsubasa ass eng Manga-Série vum Auteur an Zeechner Yoichi Takahashi, dei fun 1981 bis 1988 an der Weekly Shonen Jump veröffentlecht guff. Geschichte geht em en jonken Fussballspiller Tsubasa Ohzora an sengem Draam, den beschten Fussballspiller op da Welt ze gin, an mat da japanescher Fussballnationalequipe Fussballweltmeeschterschaft ze errechen.

D’Orginalsérie weist dem Tsubasa säin Parcours, vun sengen éichten Mätcher als Primärschüler an da Schoulequipe bis zu sengem éichten internationalen Turneier an Frankreich kuerz bevir hen sain Lycée packt an dann no Brasilien zitt. Den Manga ass an villen Sérien wéidergang, déi och als Anime verfilmt goufen. Dorënner och vill Fernsehsérien, OVAs an Kinofilmer. Wéi déi éischt Série Die tollen Fussball-Stars an Däitschland bekannt gouf, gouf weinst der WM 2006 an Daitschland de Manga Captain Tsubasa – Road to 2002 ënnert dem Titel Super Kickers 2006 – Captain Tsubasa verfilmt.

Am Ufang vun da Série plënnert den 11-jährëgen Tsubasa Ohzora mat senger Famille op Nankatsu an da Präfektur Shizuoka, wou hen beim FC Nankatsu, senger Schoulequipe ufengt. Mat da Equipe gewennt hen Landesmeschterschaft vun den Primärschoulen.

Ryo Ishizaki, Genzo Wakabayashi an Taro Misaki sin nieft dem Tsubasa dei wichtegst Spiller vum FC Nankatsu. Nom Gewënn fun da Meeschterschaft wiesselt Genzo Wakabayashi op Daitschland an spillt beim FC Grünwald, Taro Misaki geht op Frankreich. Roberto Hongo, een freieren brasilanischen Fussballspiller, den Tsubasa an den FC Nankatsu trainiert huet, geet zéreck an Brasilien.

Bei der Landesmeeschterschaft vun den Lycéen stinn sech den FC Nankatsu ant Toho-Schoul, Equipe vun Tsubasa sengem Erzrivalen Kojiro Hyuga, drei mol an der Finale gegeniwwer. An den éichten zwee Joeren gewënnt den FC Nankatsu d’Finale, am drëtten Joer gett et en 4:4 Gleich. Tsubasa an sein Erzrival Hyuga scheissen all Goler, den Titel geht um beidt Equipen.

No der Landesmeeschterschaft ginn nieft dem Tsubasa an Hyuga och Hikaru Matsuyama an den Hiroshi Jito ant japanesch U-16 Nationalequipe geruff, fir bei der Fussball-Weltmeeschterschaft vun den Junioren an Frankreich unzetrieden. Japan kënnt ant Finale an gewënnt géint Daitschland mat 3:2. Nom Turneier wiesselt den Tsubasa op Brasilien wou hen fir den FC Brancos spillt, Hyuga geet an Italien an spillt fir den FC Piemont.

Drei Joer speider, spillt Japan bei der U-19 Asienmeeschterschaft an gewënnt an da Finale 2:0 geint Südkorea. Bei der U-20 WM gewënnt Japan d’Finale géint Brasilien durch en Hattrick vum Tsubasa mat 3:2. No der WM beschtuet Tsubasa seng Jurend-Frendin Sanae Nakazawa und wiesselt op Spunien.

Tsubasa Ohzora

Tubasa (大空 翼, Ōzora Tsubasa) ass den Protagonist vun der Série. Säin groussen Draam ass et  Fussballweltmeeschter ze gin. Als éischt spillt hen an der Nankatsuequipe, bevir hen op Brasilien bei den FC Brancos wiesselt an spéider op Spuenien bei den FC Barcelona. Seng besonneg Technik ass den Top-Spin an den Fallrückzieher.

Genzo Wakabayashi

Genzo (若林 源三, Wakabayashi Genzō) ass Goolkipp an der Shutetsu Schoul, duerno spillt hen fir den FC Nankatsu. Spéider wiesselt hen op Daitschland. Dobai ass den Genzo Stammgoolkipp an der japanescher Natioanlequipe. Hen huet emmer en Kaap mat da Opschreft „W. Genzo“ un.

Kojiro Hyuga

Hyuga (日向 小次郎, Hyūga Kojirō) ass en gudden Stiérmer, hen spillt am Ufang firt Meiwa-, speider firt Toho-Schoul. Virt éischt geseit hen den Tsubasa als Feind un, am Laaf fun da Série gin déi zwee awer Kollegen. Hyuga kennt aus engem armen Milieu, nieft dem Fussballspillen misst hen och schaffen goen fir senger Mamm an sengen drei Geschwesteren ze hëllefen. Seng Spezialtechnik ass den Tigerschuss. Speider spillt den Hyuga an Italien fir den Juventus Turin.

Taro Misaki

Taro (岬 太郎, Misaki Tarō) ass den bëschten Kolleg vum Tsubasa. Zesummen forméieren déi zwee den Goldenen Duo von Nankatsu. Seng stärkt sin gudd Päss an placéiert Schëss. Hen kann och gudd Dribbelen an gudd Freistéiss schéissen. Am Laaf fun da Série wiesselt hen ant franzéisch Liga.

Roberto Hongo

Roberto ass en fréieren brasilianeschen Fussballspiller den japanesch Originnen huet. Weinst enger Netzhautablösung an engem Duell huet en missten seng Proficarrière ofbrieschen. Hen gëtt den Trainer fum FC Nankatsu an bréngt dem Tsubasa seng Techniken, wéi den Top-Spin bei. An Brasilien mescht hen eng Fussballschoul op, bevir hen Trainer vun der brasilianischer Nationalequipe gett.

Ryo Ishizaki

Ryo (石崎 了, Ishizaki Ryō) spilt och wéi den Tsubasa fir den FC Nankatsu an ass och Kapitän vun da Equipe. An da Nationalequipe spilt hen da Défense, seng Stärkten sin den Zweekampf, d‘Ausdauer an d‘Kampfkraaft.

Hikaru Matsuyama

Hikaru (松山 光, Matsuyama Hikaru) spillt fir den FC Furano. He ass an da japanescher Equipe de Chef an Abwehr. Seng Spezialtechnik ass den Adlerschuss.

Ken Wakashimazu

Wakashimazu (若島津 健}, Wakashimazu Ken) tränéiert am Ufang Karate am Dojo vun sengem Papp. Duero entschëed hen sech, obwuel säin Papp dogéint war, Fussball ze spillen.

An da U-16 war hen Stammgoolkip, an da éichter Nationalequipe ass hen hannert dem Genzo Wakabayashi nemmen Nummer zwee.

Shingo Aoi

Shingo (葵 新伍, Aoi Shingo) ass en jonken Spiller. Hen taucht an der J-Saga vir éicht op. Hen spillt an da zweeter italienischer Liga.

Hiroshi Jito

Jito (次藤 洋, Jitō Hiroshi) ass den gréissten Spiller am japaneschen Kader. Seng Stärkt ass d‘Defensivearbescht.

Takeshi Sawanda

Takeshi (沢田 タケシ, Sawada Takeshi) wiesselt och wei Kojiro Hyuga vun da Meiwa ant Toho-Schoul. Zesummen bilden déi zwee den Goldene Duo Tohos. Spéider gett den Takeshi de Capitän vun da japaneschen U-20 Equipe.

Sanae Nakazawa

Sanae (中沢 早苗, Nakazawa Sanae) ass dem Tsubasa seng Frëndinn, spéider gett Sanae seng Fra.

Jun Misugi

Jun (三杉 淳, Misugi Jun) huet vun allen am méschten Talent. Wéinst enger Härzkrankheet kann hen net voll an ganz Fussball spillen. An da japanescher U-16 ass hen Co-Träiner. Seng Stärkten sin gudd Spilliwerziicht an Taktik.

Wei d’Série an Japan Ufang von den 1980er Joeren ufengt, war Fussball net sou bekannt an populär. Den Auteur Yoichi Takahashi huet sëch virgeholl, nodeem hen WM 1978 an Argentinien gesinn huet, den Sport och an Japan méi béleift ze maachen. Sou huet hen ugefang den Captain Tsubasa ze erschaafen.

An Japan ass dei éischt Captain Tsubasa Serie vun 1981 bis 1988 am Weekly Shonen Jump vum Verlag Shueisha erauskomm. De Sammelband haat 37 Bänn. D’Série gouf vum Auteur sieven Joer nom Enn vun da Orginalserie mat enger Fortsetzung mam Titel Captain Tsubasa- World Youth Hen erweidert. D’Fortsetzung gouf och an der Weekly Shonen Jump publizeiert bei bis zu hierem Enn 1997 18 Bänn arescht huet. Noom Captain Tsubasa- World Youth Hen, kennt 2001 Fortsetzung Captain Tsubasa- Road to 2002 an der Young Jump, wou dem Tsubasa säin Wee no Europa an säint Ophuelen ant Eicht Nationalequipe firt WM 2002 an Japan an Südkorea erzielt gett. Nodeem 2004 Série eriwwer war, gouf vun 2005 bis 2008 Captain Tsubasa - Golden 23 weidergefouert. D’Série déi och an da Young Jump erauskennt weist säin Wee ant Nationalselectioun firt Olympësch Sommerspiller 2004 zu Athen. Golden 23 huet et op 12 Bänn bruescht, 2009 koum eng kuerz Fortsetzung Captain Tsubasa: Kaigai Gekito Hen in Calcio,dei an zwee Bänn erauskoum.

2010-2012 koum Captain Tsubasa: Kaigai Gekito Hen En La Liga eraus, den aus sechs Bänner besteht. Ab Dezember 2013 kënnt Captain Tsubasa - Rising Sun am Magazin Grand Jump eraus.

An Daitschland goufen 37 Bänn vun der éischter Séire vum Carlsen Comics veröffentlëcht. De Manga ass op Franséisch, Italienisch and Spuenesch iwersaat gin.

De Manga gouff als Anime-Fernsehsérie vun Toei Animation produzeiert. Vun 1983 bis 1986 gouff d’Série mat 128 Folgen op der japaneschen Fersehchaîne TV Tokyo gewisen. An Daitschland ass d’Série ennert dem Titel Die tollen Fussball-Stars bekannt gin. Wéi déi zweet Série World Youth erauskoum, hunn Nippon Animation an Studio Comet nach eng Anime-Fernsehsérie Captain Tsubasa J produziert. D’Série mat 47 Folgen gouff von 1993 bis 1995 um japaneschen Sender Fuji TV gewisen. Den drëtten Deel vum Manga, Captain Tsubasa – Road to 2002, gouff vun Group TAC an Studio Madhouse verfilmt an op da Chaîne TV Tokyo firt Fussballweltmeeschterschaft 2002 an Japan an Südkorea gewisen. Den Anime mat 52 Sérien ass an Däitschland mam Numm Super Kickers 2006- Captain Tsubasa berühmt ginn. Op TV Tokyo, TV Aichi an aneren Chaînen leeft seit dem 3. Abrëll 2018 eng Neioplaag vun da Série. D’Série Handelt em japanesch Equipe während da Qualifikatioun fir WM 2018 zu Russland. Annonceiert gouffen Optrëdder vum Cristiano Ronaldo, Lionel Messi an Manuel Neuer.

D’Régie firt Filmer gouff ëmmer vun Isamu Imakake gefouert

·      Captain Tsubasa: Europe Daikessen ( キャプテン翼ヨーロッパ大決戦), 1985

·      Captain Tsubasa : Ayaushi ! Zen Nippon Jr. ( キャプテン翼危うし!全日本Jr. ), 1985

·      Captain Tsubasa : Asu ni Mukatte Hashire ! (( キャプテン翼明日に向って走れ!), 1986

·      Captain Tsubasa : Sekai Daikessen !! Jr. World Cup ( キャプテン翼世界大決戦!!Jr.ワールドカップ ), 1986

Original Video Animation
[Bearbeiten | Quelltext bearbeiten]

Déi Original Video Animation Shin Captain Tsubasa gouff von CBS Sony Group Inc., Movic an Shueisha gouff vum Juli 1989 bis Juli 1990 mat 13 Folgen produzeirt an veröffentlescht. D’Série ass Verfilmung vum lëschten Deel vun Captain Tsubasa-Mangas. Et gouff eng zweet OVA 1994 publiziert, Captain Tsubasa Movie 05 : Saikyu no Tenki ! Hollanda Youth (キャプテン翼最強の敵! オランダユース), dei op Manga-Special baseiert.

Op da japanescher Konsol Super Famicom sin dréi Spiller vun Captain Tsubasa erauskomm.

Am Spill Jump Ultimate Stars kommen d’Haaptfigueren Tsubasa, Wakabayashi an Hyga vir.

Captain Tsubasa: Gekito no Kiseki (キャプテン翼激闘の軌跡) ass 2010 fir Nintendo DS erauskomm.

Véier CDen mat da Musik vun da Série sin erauskomm. Et gëtt och speziell Tsubasa-Überraschungs-Eeer mat Flummis mat Tsubasa-Motiven.

Tatsuya Seto seet an 1001 Comics dat Captain Tsubasa “en fun den erfolegreichsten Sport-Mangas iwerhaapt ass“ den an Japan en „nationaalt Fussballféiver“ ausgéleisst huet. Grënnung vum japaneschen Fussballchampionnat 1993 ass och ënnert anërem dem Erfollëg vum Manga ze verdanken. 2002 hun vill japanesch Nationalspiller gesoot, dat d’Série sie entscheedend beaflosst huet. An da Série geif et nieft Fussballspillen virum allem em „Frëndschaft, Teamwork and Rivalitéit“ goen.

Dei däitsch AnimaniA schréift dat den Captain Tsubasa den „erfolegréichsten Fussball-Manga aller Zéiten „ wier. Opwuel de Manga puer Schwächten huet, huet hen et gepackt vill Lieser unzezeien. Vill Charaktere géifen sech gléichen, Spannungen tëschen de Persounen géifen just wéineg virkommen. Mais doduesch das de Manga vill Figueren huet, kann jideren sech mat engem identifizeiren an ausserdem géifen Haaptakteure dem Lieser gefaalen.

Doduersch dat Entwecklung vun den Persounen an der Série oppen bléift, ass et bei de Fans zu enger grousser Unzuel von Dōjinshi komm. MangasZene seet, dat de Manga „ wie eng Bomm bei da japanescher Jugend ageschlo“ huet „opwuel Zeechnungen perspektivesch wei proportionnell net ideal sinn“. De Manga huet och dofun profitéiert dat en 1982 erauskomm ass, an deem Joer huet och WM 1982 stattfonnt. WM huet gudd Werbung fir de Fussball an soumat och fir de Manga gemaach.

E puer Nimm vum Tsubasa sengen Géigenspiller sinn vun realen Fussballspiller oofgeleet.

Am Manga gett et en italienischen Golkipp den „Gino Hernandez“, dësen Numm bezitt sech op Dino Zoff. Aner Beispiller sin, „Juan Diaz“ kënnt vun Ramon Diaz, engem argentinischen Spiller, „Karl Heinz Schneider“ kënnt vun Karl-Heinz Rummenigge, engem berühmten Däitschen Fussballspiller. „Pepe“ ass och vum brasilianeschen Fussballspiller Pepe inspiréiert.

  1. Mein Herz für Serie: Die tollen Fussballstars um Tsubasa Ohzora. Abgerufen am 7. Dezember 2018.
  2. "Die tollen Fußballstars" um Captain Tsubasa kommen zurück. Abgerufen am 7. Dezember 2018.
  3. imfernsehen GmbH & Co KG: Die tollen Fußballstars. Abgerufen am 7. Dezember 2018.
  4. Die tollen Fußballstars. In: Wikipedia. 5. Juni 2018 (wikipedia.org [abgerufen am 7. Dezember 2018]).
  5. Captain Tsubasa - Die tollen Fußballstars (Manga) - animePRO.de. Abgerufen am 7. Dezember 2018.
  6. alfredsheep: Die tollen Fussballstars (Captain Tsubasa) vs. Die Kickers. In: Zeichentrickfront. 6. September 2010, abgerufen am 7. Dezember 2018 (deutsch).