BeschreibungStolpersteen Alfons Goldschmidt, 17 rue de la Grève nationale, Déifferdeng-102.jpg
Lëtzebuergesch: Nodeems den däitsche Kënschtler Gunter Demnig den 28. Oktober 2014 scho 15 Stolpersteng zu Déifferdeng verluecht hat, koum hien de 5. November 2015 zréck fir weider 23 "Miniaturdenkmaler" vrun de leschte bekannte Wunnenge vun Naziaffer zu Déifferdeng, Fuussbann, Nidderkuer an Uewerkuer ze errichten. De Parrainage gouf vu Lokalassociatiounen iwwerholl.
Den Alfons Golschmidt aus Hannover fënnt, zesumme mat senger Fra Erna, gebueren Hollstein, a senger Duechter Marlene, am Juni 1939 Refuge bei sengem Brudder Karl zu Déifferdeng, deen do an der Rue du Parc Gerlache zesumme mat senger Fra Alma, gebuere Polak, a senger Duechter Ellen wunnt. Nom Iwwerfall vun Nazi-Däitschland op Lëtzebuerg flüchten déi zwou Famillen op Paräis, wou sech hir Weeër trennen.
D'Erna Goldschmidt, déi evangelesch ass, decidéiert mat hirer Duechter zréck op Déifferdeng an d'Wunneng vum Schwoer ze zéien. Nodeems d'Alma an d'Ellen eng Zäit bei engem Bauer an engem Dierfchen an de Vogesen ënnerkomm waren, gi si am Lager zu Gurs an de Pyrénées-Atlantiques internéiert. Vun do geléngt hinnen d'Flucht, mä ufangs Juli 1944 gi se zu Lyon vun der Gestapo festgeholl, getrennt an inhaftéiert. D'Ellen kënnt an de Camp op Drancy fir vun do op Auschwitz transportéiert ze ginn, mä wéi duerch e Wonner gëtt hatt vum schweedesche Roude Kräiz opgeholl a kënnt zréck op Déifferdeng, wou seng Mamm schonn op et waart.
Am Géigesaz zu hirer Famill hunn d'Bridder de Krich net iwwerlieft. De Karl Goldschmidt, gebuer de 14. Januar 1900, gëtt de 26. August 1942, den Alfons Goldschmidt, gebuer de 25. Mäerz 1943, de 4. Mäerz 1943 bei Razzie festgeholl an op Drancy iwwerféiert. De Karl gëtt 1942 zu Auschwitz ëmbruecht, den Alfons kënnt op Majdanek a gëtt 1943 zu Sobibór ëmbruecht.
verbreitet werden – vervielfältigt, verbreitet und öffentlich zugänglich gemacht werden
neu zusammengestellt werden – abgewandelt und bearbeitet werden
Zu den folgenden Bedingungen:
Namensnennung – Du musst angemessene Urheber- und Rechteangaben machen, einen Link zur Lizenz beifügen und angeben, ob Änderungen vorgenommen wurden. Diese Angaben dürfen in jeder angemessenen Art und Weise gemacht werden, allerdings nicht so, dass der Eindruck entsteht, der Lizenzgeber unterstütze gerade dich oder deine Nutzung besonders.
Diese Datei enthält weitere Informationen (beispielsweise Exif-Metadaten), die in der Regel von der Digitalkamera oder dem verwendeten Scanner stammen. Durch nachträgliche Bearbeitung der Originaldatei können einige Details verändert worden sein.